Du hues Deng Lycées – oder Bachelorstudien am Beräich Economie oder Commerce ofgeschloss?
Du bass voller Enthusiasmus a Motivatioun fir am Kontakt mam Client ze schaffen?
D’Spuerkeess invitéiert Dech op hiren Jobday, wou jonk Mataarbechter aus den Agencen Dir en Abléck an hire Beruffsalldag ginn.
Fir dee Beräich sicht d’Bank virun allem jonk Leit mat engem Premièresdiplom (classique an générale, section GGE oder GCG) oder engem Bachelordiplom.
Dëst Evenement fënnt e Samschdeg den 1. Juli 2023 an eiser Agence Lampertsbierg (33, Allée Scheffer, Luxembourg) statt. An engem oppenen an ongezwongene Kader kriss du Äntwerten op all deng Froen. D’Recruteure vun der Spuerkees sinn och op der Plaz fir Dir Informatiounen iwwer hir Selektiounskritären ze ginn a mat Dir iwwer Deng eventuell Karriärsméiglechkeeten ze schwätzen. Sie erklären Dir op wat beim Kandidat Wäert geluecht gëtt a wéi den Encadrement an d’Formatioun ausgesi wann ee bis agestallt ass.
Bass Du interesséiert? Da schreif Dech haut nach an, well d’Plaze si limitéiert !
Du kriss direct duerno ee Mail geschéckt fir Dir ze bestätegen, dass d’Umeldung ukomm ass.
D’Bank behält sech d’Recht vir, déi Kandidaten, déi de Kritären net entspriechen, net ze berücksichtegen. Du gëss awer an deem Fall vun eis informéiert.